Postkonto fir eng ASBL
From TeamsWiki
Du muss einfach op d'Post goen an soen du waers déi néi Trésorière an daer hätt een néien Comité an du wills dat blad wat een do misst ausfëllen an déi Kärtecher fir d'Ennerschrëftsberechtegung. Dann muss d'ASBL klären ween soll Accés zum Konto hun, dat heescht och wenn fir d'ASBL daerf Saachen ennerschréiwen, Suen ophiewen an Virement ennerschréiwen. Wann d'ASBL dat geklärt huet mussen all déi Leit den Ziedel (opmannst 3 Lait) & Kärtcher (1-5 Lait) vun der Post ennerschréiwen an eng Kopie vun hiirer Carte d'Identité maachen.
Wann dat gemaach ass kanns de op d'Post, gëss hinnen dat an frees vun hinnen op dain Numm een CCP Connect Accés (wanns de d'Saachen iwert den Internet-Banking wells regelen. Du kanns awer och alles iwert d'Pabéiersvirementen maachen, dann brauchs de deen läschten Schrëtt nët.
